TripApp ass eng mobil Applikatioun entwéckelt fir de Schued ze reduzéieren deen verbonne ass mam Gebrauch vu psychoaktiven Substanzen.

Dëst ka erreecht ginn, andeems d’Leit zouverlässeg an éierlech Informatioun iwwer Drogen kréien, a wann se aktiv an dësem Prozess agebonnen ginn.​

Fonctiounen

  • all_TEST d'submit

Mir encouragéieren App Benotzer d’Resultater ofzeginn vun kolorimetresche Reagenktester, déi se eleng gemaach hunn, sou datt se d’Leit an hirer Regioun op méiglech Gefore alarméiere kënnen. Dëst ass besonnesch wichteg an de Länner, wou d’Servicer fir Laboratoire Drogen nach net verfügbar sinn.

  • all_TEST d'resultater

Dëst kënnen Droge sinn, déi eppes komplett anescht sinn, wéi dat als wat se verkaaft goufen oder déi Veronrengegungen oder verfälschte Mëttel enthalen.

  • all_TEST Dose smart

Enthält Warnungen op Basis vun ärem Gewiicht.

  • all_TEST Sécher Consommatioun

Enthält Informatiounen iwwer wéi Dir Risiken, déi duerch psychoaktive Substanze verursaache kënne ginn, kënnt reduzéieren. Et gi Facteure ronderëm Drogen, “Set”, “Setting” an d’Mësche vun Drogen ënnersicht.

  • all_TEST Servicer

Hëlleft Iech Schiedreduzéierungsservicer an der Stad an am Land vun Ärer Wiel ze fannen.

  • all_TEST Legislatioun

Beschreift déi legal Konsequenze beim Gebrauch, Besëtz an Handel vun Drogen an deene verschiddene Länner.

Baséierend op Ärem Standort, kënnt Dir no:

Drug Checking
Servicer
Sexuell Gesondheetsservicer (gratis an anonym HIV Tester)
Drogenkonsumraum
Substitutionstherapie fiir Opiater
Safer Party Projet’n,
sécher feiren
Sprëtzaustauschprogrammer

Ären Service ass net op eiser Kaart? Füügt et ënnendrënner!

Iwwert ons​

TripApp gouf vun engem Zesummenaarbecht vun dräi netstaatlëchen Organisatiounen (ONG) erstallt:

Youth Organisations for Drug Action
Help Not Harm
NEWNet
APP ENTWÉCKLUNG

Wärend der Entwécklung vun dëser App hu mir eng wertvoll technesch Ënnerstëtzung vum Insight Center fir Data Analytics vun der National University of Ireland, Galway, kritt.

QUELLEN VUN EISEN INFORMATIOUNE

D’Inhalter vun TripApp goufe mat der Ënnerstëtzung vun eise Kollegen vun  TripSitSocial Drug Policy InitiativeCrew2000 an der European Monitoring Center fir Drogen an Drogenmëssbrauch kritt.

EIS MISSIOUN

Mir gleewen un eng Drogenpolitik déi sech op eng éierlech an transparent Erzéiung, wëssenschaftlech Donnéen, ëffentlecher Gesondheet a den Mënscherechter baséiert.

Hautdesdaags verännert sech den Drogenmart sou séier, datt déi traditionnell Methoden aus der Erzéiung an Präventioun net méi duer ginn. D’Aféierung vun enger grousser Unzuel vun neien psychoaktiven Substanzen (NPS), de Roll vum Internet am Drogenhandel, oder nei Méiglechkeeten  bestëmmte Substanzen hiirzestellen, matt Substanzen déi eng erhéichten Potenz viirweisen, sinn all Grënn déi eis zwéngen iwwer nei an alternative Informatiounswéer nozedenken.

Privatsphär a Sécherheet

De Gebrauch vu psychoaktiven Substanzen ass ëmmer nach e gesellschaftlechen Tabu an a ville Länner, suguer de Besëtz vun enger klengen Quantitéiten Drogen, nach ëmmer strofbar. Dofir ass huele mir d’Privatsphär a Sécherheet vun TripApp Benotzer ganz eescht. 

De beschte Wee fir Är perséinlech Donnéen ze schützen ass se an éischter Plaz ze hunn. Duerfir freet d’TripApp ganz wéineg Saachen iwwer Iech selwer.

Mir benotze keng GPS Feature vun Ärem Telefon, dat heescht fir Iech iwwer geféierlech Substanzen an Ärer Regioun ze informéiren, musse dir aginn vun wéi enger Stad Dir d’Informatiounen braucht. Dir kënnt d’Stad zu all Moment änneren. 

Ee vun de wichtegste Faktore ass d’Dosis vun enger Substanz, wou d’Ugaab vun ärem Kierpergewiicht matt abezunn gëtt. Wat d’Kierpergewiicht mi kleng ass, wat d’Dosis och méi kleng muss sinn. Dofir wann Dir Dose Smart Warnungen wëllt kréien, déi fir Iech relevant sinn, musst Dir Äert Kierpergewiicht aginn. Dës Informatioun gëtt weder op eisem Server nach an der App gespäichert. Dofir musst Dir dëst all Kéiers manuell aginn.

Wann Dir decidéiert d’SUBMIT Feature ze benotzen fir d’Resultater vun ärem Reagentstest ze deelen, stellen mir e puer Froen iwwer déi getesten Prouf. D’App freet Iech och Zougang fir op Är Fotoen ze kréien, sou datt Dir d’Foto vun der Prouf zesumme mat dem Bericht eropluede kënnt. Dës Informatioun ka fir all App Benotzer zu Verfügung stoen. Metadonnéen déi an de Fotoen abegraff sinn, sou wéi GPS Positioun oder den Numm vum Autor, ginn automatesch vun der App geläscht wannse an eis Datebank eropgeluede gëtt.

Fir eis Datebank ze bedreiwen benotze mir Firebase.

Eroflueden Tripapp

top-page